Moien,
mir begréissen dech op der Säit vun der Spillstad Mini-Hesper.
Vum 16. bis den 27. Juli ass Mini-Hesper d’Stad vun de Kanner fir d’Kanner aus eiser Gemeng.
Hei um Site fënns de d’Regelen, déis du muss anhalen wanns du u Mini-Hesper deelhëlls, d’Fiche d’Inscription fir dech anzeschreiwen,
Äntwerten op Froën déis du oder deng Elteren hunn.
Als Highlight e Film:
en Theaterstéck vum Michel Torres senger Klass
do kriss du gewisen an erkläert, wéi et ofleeft wa Mini-Hesper seng Dieren opmécht.
Mini-Hesper gëtt wéi gesoot d’Stad vun de Kanner fir Kanner.
All Propose vun de Mini Bierger gëtt Eescht geholl an dir kënnt probéieren är Iddien an d’Realitéit ëmzesetzen.
D’Team vu Mini-Hesper, dh de Grupp Dirigeant, d’Moniteuren an och déi extern Partner, déi dës Spillstad erméiglechen,
hoffen dech an deng Frënn a Frëndinnen ab dem 16.Juli zu Hesper bei der Schoul zu Mini-Hesper begréissen ze kënnen.
Team vu Mini-Hesper
